Nei Technologië fir den Aarbechtsmaart. Wéi eng Roll soll de Stat iwwerhuelen?

Heimatte wëlle mer Iech ganz härzlech op eis Table Ronde invitéieren zum Thema „Nei Technologië fir den Aarbechtsmaart – Wéi eng Roll soll de Stat iwwerhuelen?“, an zwar:

Donneschdes den 18. Mäerz 2010, um 19h00
op der Uni Lëtzebuerg um Campus Lampertsbierg am Sall BS003

Niewent dem Zentralstaat respektiv de Gemengen, als direkten Employeur, ass den Afloss deen déi ëffentlech Hand indirekt op den Aarbechtsmarché auswierkt ëmmer méi grouss. Duerch gezielt Promovéiere vu Formatiounen, enger méi staarker Ënnerstëtzung vu verschiddene Studiegäng respektiv der Médiatiséierung vu verschidde Beruffer kann de Stat dem Scüler oder Student seng Décisioune beaflossen. Mais och wiertschaftspolitesch ass de Stat net neutral, an deem en zum Beispill verschidde Secteuren oder Domainer wei d‘Finanzwiesen, d‘ Biotechnologien oder d‘Logistik zu Lëtzebuerg fördert.

Virun allem an dësen neien Domainen, spriech Biotechnologien oder Logistik, soll d’Zukunft vum Land léien. Sinn ower déi Leit, déi haut ausgebilt gi, op déi Domainen zougeschnidden ? Misst de Stat dës nei Domainer nach méi promovéieren ? Hu mer zu Lëtzebuerg genuch Kompetenze fir an dësen Domainer eng international Referenz ze ginn ? Soll de Stat sech iwwerhaapt an den Aarbechtsmarché amëschen ?

Invitée vun der Table Ronde

M. Daniel Cardao, CRP Santé
M. Henri Kox, Député
M. Marcel Oberweis, Député
M. Malik Zeniti, Manager

Moderatioun : J-Pol Roden, Journaliste Radio 100,7

Mir géingen eis freeën Iech den 18 Mäerz an der Uni ze begréissen ze kënnen.

Zum Pressebericht im Luxemburger Wort (27.03.2010)

2010-03-27-Table-Ronde-aACEL (Luxemburger Wort)

2010-03-27-Table-Ronde-aACEL (Luxemburger Wort)

This entry was posted in Events. Bookmark the permalink.

Leave a Reply