Säit iwwer 5 Joer besteet d’Amicale vun der ACEL lo schon an hierer aktueller Form. De Programm deen d’aACEL senge Memberen ubidd gestalt sech ëmt 4 haapt Evenementer, an donieft kommen nach eng Rei vu méi klengen Aktivitéiten. Waat sin d’Erwaardungen vun de Memberen un d’aACEL; waat sin d’Schwéierpunkten dei d’aACEL op hieren naechsten Evenementer behandele soll; waat sin d’Erwaardungen vun der ACEL an hiere Cerclen un d’aACEL; wei soll d’aACEL a 5 Joer opgestallt sin… all dëss Froen wëlle mer zesummen mat ierch diskutéiern fir d’Amicale op hir Zukunft virzebereeden. Mir loossen dofiir d’Konzept vum “ACEL Apéro” rem opliewen an invitéieren ierch op den eischten ofiziellen aACEL Apéro.
Rendez-vous heifiir Samstës den 3 März 2012 ab 15h am Independant Cafe, 6, boulevard F.D. Roosevelt, L-2450 Luxembourg.