De Comité vun der aACEL ënnerstëtz e Projet deen vun hirem Member Serena Agostinucci suivéiert get.
Bai dësem Projet vun der franséischer, als d'Utilité-publique unerkannten, Organisatioun SAGARMATHA Aide aux défavorisés (www.sagarmatha-fr.org), geet et drëms nepalesesche Jugendlechen d'Aschreiwungsfraisen un der Universitéit vu Kathmandu mat ze finanzéieren. Dës Käschte belaafen sech op EUR 300 pro Jugendlecher, pro Joer.
No enger éischter Presentatioun op der aACEL-AG leschten Dezember huet d’Serena eis méi Informatioune gin op eisem aACEL Treff den 2 Februar zu Monnerech an de Projet nach méi am Detail virgestallt. Dëse Projet läit den Objektive vun der aACEL immens no.
Vir d’Aktioun ze vereinfache proposéiert de Comité all d’Doen ze sammelen an se duerno global vun d’Organisatioun SAGARMATHA weider ze ginn.
Mir bieden dofir all eis Memberen dei sech un dëser Initiativ wëlle bedeelegen hier Participatioun bis den 1 Mee op de Konto vun der aACEL ze iwwerweisen (IBAN LU63 0019 2555 9558 5000 bei der Spuerkeess BCEELULL mat dem Vermierk "DON SAGARMATHA", resp. "DON NEPAL").
NB. Säit 2009 existéiert zu Lëtzebuerg och d'Méiglechkeet, datt Spenden un eng d'Utilité-publique unerkannten Organisatioun / Fondatioun an der EU kënne mam entspriechenden Dokument vun de Steieren ofgesat ginn. Dëst ass och bei Sagarmatha méiglech. Vir all weider Informatioune kennt der de folgende Site consultéieren: http://www.sagarmatha-fr.org/index.php?option=com_content&view=article&id=108&Itemid=72