Assemblée Générale Ordinaire 2013

Leif Kolleginen a Kollegen,
Leif Frënn vun der ACEL,

E weidert Joer ass vergaangen an eis traditionell Assemblée Générale Ordinaire steet virun der Dier. Wei di Jore virdrun hu mer de läschten Donneschden virun der Chrëschtvakanz festgehalen. Dëst Joer fënnt eis Assemblée an der Brasserie du Kierchbierg statt, an zwar den Donneschten den 19 Dezember 2013 um 19h.

Ab 20h kenne mer dann zesummen Ham, Fritten an Zalot iessen an duerno nach vir déi zou Loscht drop hunn, eng Partie Keelen zesumme spillen.

Di offiziell Convocatioun fannt der an der hei.

Aus organisatoresche Grënn, soe mer Iech am Viraus Merci vir eis Bescheed ze soen wann dir mat Iesse wëllt, an zwar per E-Mail op de contact@aacel.lu bis de 15 Dezember. Ham, Fritten an Zalot mam Dessert kaschten EUR 23,20 pro Persoun. D’Fraise vir d’Keelebunn iwwerhëlt d’aACEL.

Wann’s du Loscht hues och am Comité aktif mat ze schaffen, da kanns du deng Kandidatur fir de Comité 2014 bis de 18 Dezember op contact@aacel.lu schecken. 

This entry was posted in Events, Internal, News. Bookmark the permalink.

Leave a Reply