Assemblée générale 2014: 18.12.2014

Léif Memberen vun der Amicale vun der ACEL, 
E weidert Joer ass vergaangen an eis Assemblée Générale Ordinaire steet virun der Dier. Wei di Jore virdrun hu mer de leschten Donneschden virun der Krëschtvakanz dofir festgehal. Well mir dëst Joer mat den ACEL Festivitéiten vill beschäftegt woren, hu mir leider kee ganz grousse Choix méi gehat fir d'AG, an dofir ass déi dëst Joer net an der Stad, mee zu Steebrecken am Kueb, an zwar den Donneschden den 18. Dezember 2014 um 19h30
Ab 20h30 kënne mer dann zesummen Ham, Fritten an Zalot iessen an duerno nach, fir déi déi Loscht drop hunn, eng Partie Keele spillen. 
Aus organisatoresche Grënn, soe mer Iech am viraus Merci fir eis Bescheed ze soen wann Dir mat Iesse wëllt, an zwar per E-Mail op de contact@aacel.lu bis de 14. Dezember. Ham, Fritten an Zalot kaschten 17 Euro pro Persoun. 
Wann's Du Loscht hues och am Comité aktif mat ze schaffen, da kanns Du Deng Kandidatur fir de Comité 2015 bis de 17. Dezember op contact@aacel.lu schecken. 
Bis hoffentlech den 18.Dezember! 
Jenc 
President vun der Amicale 
This entry was posted in Events. Bookmark the permalink.

Leave a Reply