Fir Member vun der Amicale ACEL ze gin kennt dir ab 2008 einfach d’Kotisatioun vun 10 Euro op eise Konto iwerweisen (LU63 0019 2555 9558 5000) mat der Mentioun COTISATION MEMBRE ACTIF/DONATEUR 2008. Fëllt w.e.g. och eisen online Formular aus, fir dass mer wëssen wéi mer Iech kontaktéieren kënnen.
Monthly Archive for December, 2007
D’Assemblée générale wor den 26. Dezember 2007 um 13:00 zu Walfer an der Sandkaul, um Campus vun der Uni.lu.
An de néie Komitee goufen folgend Persounen gewielt:
Christian BLOCK, Laurent DERKUM, Pi EVEN, Tom FABER, Claude FRIES, Gil KANDEL, Lucien KURTISI, Michèle NOTHUM a Bob REUTER
D’Chargen am Komitee gi verdeelt an definéiert op der eischter Komiteesversammlung am Januar 2008.
Et gouf als cooptéierte Member opgeholl den Thierry SCHAACK
D’Memberskotisatioun gouf festgeluecht op 10 Euro fir den Exercice 2008.
De Plan d’action fir 2008 bléift ähnlech wei deen vun 2007, ausser dass d’Virbereedungsarbeschten fir de 25. Gebuertsdaag vun der ACEL (2009) dobäi kommen als eng vun de wichtegen Aufgaben.