Monthly Archive for March, 2011

Event Kalenner 2011

De läschte 16 Dezember haat d’aACEL hir regulär Assemblée Générale. Bai dëser Geleegenheet as de Bilan vum Joer 2010 gezu gin, d’Aktivitéiten fir 2011 si festgeluet gin an et et gouf en neie Comité gewielt.

Wéi dir wesst hu mir eis als Amicale virgeholl, eis mindestens véier mol am Joer ze treffen; eise Standard-Kalenner gesäit dohier folgendermossen aus :

26 März 2011, aACEL Kinosoirée, Ab 17h an der rue Tony et Charles Hansen, L-7473 Schoenfels.
15 Juli 2011, De Studentebal, ee Comptoir fir sech nach eemol ze fille wéi e Student
22 Oktober 2011, aACEL Treff
15 Dezember 2011, Assemblée Générale vun der aACEL, Um 19h an der Taverne Henri VII um Lampertsbierg

aACEL Kinosoirée – 26 März 2011
Ab 17h op folgender Adress rue Tony et Charles Hansen, L-7473 Schoenfels. Insgesamt huet de Kino 30 Plaatzen, doweinst wärte mer op eisem Internetsite en Unmeldungsformulaire maachen.
Première vun enger Selektioun vun ACEL an aACEL Filmer aus de laeschte Joren. Wann dir also na e Film hudd aus aerer Studentenzäit deen der scho laang net mei gesin hudd, oder deen der gären eng keier um groussen Ecran wellt gesin, da meld Ierch bai eis. Mir sin o Frou fir an dësem Zesummenhang kennen d’Archive vun der ACEL weider auszebauen.

De Studentebal – 15 Juli 2011
Wei och schon dei läschte Joren huet d’Amicale der ACEL proposéiert fir um Studentebal de ACEL/aACEL Comptoir ze schmäissen. Och dest Joer wärt dëse Stand erëm den Treffpunkt si fir all nostalgesch ex-Studenten. Mir invitéieren ierch elo schon ganz härzlech fir schon ab 20 Auer mat den (aaneren) Eieregäscht an ouni Gedrécks bei eis en Apéritiv drénken ze kommen.

aACEL Treff – 22 Oktober 2011
Wei den Numm et seet, geet et hei an éischter Ligne drém sech an engem décontractéierte Cader erem ze gesinn. Den Treff ass op fir all eis Memberen, aktiv Studenten a Frénn vun der ACEL, an dat mat der ganzer Famill. Mei Detailer kommen zu engem spéideren Zaitpunkt. Wann dir eng Iddi hutt fir desen Treff 2011, da schéckt eis är Proposen op contact@aacel.lu, mir kémmeren eis dann em d’Organisatioun.

Assemblée Générale – 15 Dezember 2011
Eis alljährlech Assemblée op hierem mettlerweil schon traditionnellen Datum.

aACEL Memberskaarten

De Comité vun der Amicale huet a senger läschter Versammlung festgehaalen fir Memberskaarten drecken ze loosen. Dir kridd also no der iwwerweisung vun ärer Cotisatioun, a sou wait mer är Adress hun, d’Memberskaart per Post zougescheckt.

Als Amicale si mir vun de Cotisatioune vun eise Memberen oofhängeg; mir wieren Ierch dofir dankbar wann dir är Cotisatioun vun 10 EUR fir d’Joer 2011 géift op folgende Konto iwerweisen: LU63 0019 2555 9558 5000 – BCEELULL mat der Mentioun “Cotisation Member Actif / Donateur 2011”.

Wann dir fir d’eischt Member gidd, sou geinge mer Ierch bieden fir zousätzlech de Formulär op auszefëllen fir dat mir Aer Donnéen hun, oder eis är Donnéen per E-mail op de contact@aacel.lu ze schecken.

Comité 2011

Folgende Comité a Chargen sin op der Assemblée Générale läschten Dezember an um eischte Comité festgeluet gin:
Pierre Even – Président
Tom Faber – Trésorier
Christian Lamesch – Secrétaire
Gil Kandel – Vice-Secrétaire
Marc Hoffmann
Thierry Schaack
Jean-Marie Reding
Jérôme Meyer
Bob Reuter – Webmaster
Réviseurs de caisse: Jeia Scholtus & Georges Hames

Fir all Fro an Ureegung kennt der eis gären en E-mail op de contact@aacel.lu schecken.