Monthly Archive for June, 2011

De Studentebal – 15 Juli 2011

Als mat wichtegst Event am Joer steet den ACEL Studentebal an d’Haus, wou och dest Joer de Stand vun der Amicale erëm den Treffpunkt wärt si fir all nostalgesch ex-Studenten. Mir invitéieren ierch ganz härzlech fir schon ab 20 Auer mat den (aaneren) Eieregäscht an ouni Gedrécks bei eis en Apéritiv drénken ze kommen. D’Entrée fir eis Memberen déi hir Cotisatioun bezuelt hun ass fräi, et läit eng Léscht an der VIP-Keess.
Wann dir lo nach keng Cotisatioun fir 2011 iwerwisen hutt, dann zéckt net fir dat nach ze maachen an eis per Mail bescheed ze soen fir dass dir op d’Léscht kommt.

Och wann dir Loscht hudd eng Hand unzepaaken um Stand, dann hu mir en oppent Ouer. Meld Ierch dofir am beschten per E-Mail baim Comité ennert contact@aacel.lu.

Weider Informatiounen ennert www.studentebal.acel.lu

Newsflash

Memberskaarten: an eisem läschten Newsflash konnt der liesen dat mer Memberskaarten geingen drecke loossen an all Member dei gescheckt kritt. Mir kruuten hei leider e bessi verspeidung mais fir de Studentebal sin se färdeg an da kreien och eis Memberen dei schon hir Cotisatioun bezuelt hun d’Memberskaart per Post zougescheckt.

ACEL Archiven: de 5 Juni huet de Comité e weideren Deel vun den ACEL Archiven gescannt fir dëss ze archiveieren. No der Correspondenz an ACEL internen Dokumenter as och elo d’Pressearchiv digitaliséiert. An desem Kontext maache mer na eng keier en Opruff un eis Memberen dat mer als Amicale frou sin iwwert all Dokument waat mer na kéinte kreien fir dës Archiven ze vervollstännegen. An enger naechster Etapp waerte mer eis Gedanke maachen a wei enger Form dat een dës Archive kann fir all Interesséiert zougänglech maachen.

Echange mat de Studenten: eng Delegatioun vum dem Comité vun der Amicale huet sech och dëst Joer mat der ACEL getraff fir eis Zesummenaarbecht ze verbesseren. Dei ugeschwaaten Themen woren d’Archiven, de Studentebal, d’REEL zu Breissel an de Guide du Futur Diplômé. Och an Zukunft wärt d’Amicale do sin, wann d’ACEL hir Ennerstetzung sicht.