Monthly Archive for June, 2014

Anciens Comptoir um Studentebal – 18 Juli 2014

Wéi och schonn déi lescht Joren wäerd d'Amicale vun der ACEL um Studentebal 2014 den ACEL/aACEL Comptoir schmäissen.

Och dëst Joer wäerd dëse Stand erëm den Treffpunkt si fir all nostalgesch ex-Studenten.

Ab 20 Auer invitéieren mir Iech mat den (aneren) Eieregäscht ouni Gedrécks bei eis en Apéritiv drénken ze kommen.

Weider Informatiounen ënnert www.studentebal.acel.lu

d’ACEL féiert 30 Joër! – 15/11/2014 – CCRN

Et ass schonn 30 Joer hir datt d’ACEL gegrënnt gouf. Fir dëst ze feieren huet d’ACEL an Zesummenaarbecht mat der Amicale (AACEL) ee flotte Gebuertsdaagsprogramm op d’Been gestallt. D’Festivitéite starte mat enger Table-Ronde un där Ex-Präsidenten wäerten deelhuelen. No enger Receptioun am Kräizgank vun der Abtei wäert den Owend mat enger Gala-soirée mat Iesse weidergoen. Dësen Anniversaire soll fir all ACELaner eng Occasioun sinn fir sech nees emol ze gesinn an zesummen iwwert d’Vergaangenheet (an d’Zukunft) vun der ACEL ze diskutéieren.

Mir hoffen datt dir zuelräich kommt fir dee besonneschen Anniversaire mat eis ze feieren.

Weider Informatiounen iwwert d’Gebuertsdagsfeier an d’Umellung kommen no. Den Datum kënnt der Iech awer scho fräihalen!

15/11/2014 – Abtei Neumünster (Gronn) Luxembourg 

Weider Infos: https://www.facebook.com/events/638508532900325/