De Studentebal – 20 Juli 2012

Wei och schon dei läschte Joren wärt d’Amicale der ACEL um Studentebal den ACEL/aACEL Comptoir schmäissen. Och dest Joer wärt dëse Stand erëm den Treffpunkt si fir all nostalgesch ex-Studenten.

Dëst Joer invitéieren mer Ierch schon ab 18 Auer op de Bal, wou mer mat der ACEL zesummen “Backstage-Grillen“. Sou kënne mer éiert de Strëss vum Bal lass geet schon e Patt zesummen drenkn an bessi schnëssen, an och mat den aktuelle Studenten an d’Gespreich kommen.

Natierlech, invitéieren mir Ierch och wei di läscht Joer ab 20 Auer mat den (aaneren) Eieregäscht ouni Gedrécks bei eis en Apéritiv drénken ze kommen.

D’Entrée fir eis Memberen déi hir Cotisatioun bezuelt hun ass fräi, et läit eng Léscht an der VIP-Keess. Wann dir lo nach keng Cotisatioun fir 2012 iwerwisen hutt, dann zéckt net fir dat nach ze maachen an eis per Mail bescheed ze soen fir dass dir op d’Léscht kommt.

Och wann dir Loscht hudd eng Hand unzepaaken um Stand, dann hu mir en oppent Ouer. Meld Ierch dofir am beschten per E-Mail baim Comité ennert contact@aacel.lu.

Weider Informatiounen ennert www.studentebal.acel.lu

This entry was posted in ACEL, Events, Internal, News. Bookmark the permalink.

Leave a Reply