Rapport Assemblée Générale 2012

Den 20 Dezember hate mer an enger gudd gefëllter Taverne Henri VII um Lampertsbierg ass Assemblée Générale Ordinaire. Wei all Joer huet de Comitée mat de Memberen de Bilan gezunn an d’Richtlinne fir 2013 festgehalen. Op der Assemblée ass och en néie Comitée gewielt ginn, wou nieft de bekannte Gesiichter zwee nei Memberen an der Persoun vum Jean-Claude Thiry an dem Serena Agostinucci an de Comitée opgeholl gi sinn. De ganzen Comitée 2013 kënnt der och op dem Site fannen. Folgend Chargen si am Comitée zréck behale ginn:

Pierre Even – Président
Jean-Marie Reding – Vice-Président
Tom Faber – Trésorier
Jenc Thiry – Secrétaire

Wann dir är Memberskaart vir 2013 nach net bezuelt gudd an dir scho Member an der aACEL sidd, sou kënnt dir einfach d’Cotisatioun vun EUR 10 fir d’Joer 2013 op eise Konto de LU63 0019 2555 9558 5000 – BCEELULL mat der Mentioun “Cotisation Member Actif / Donateur 2013” iwwerweisen.

Wann dir fir d’éischt Member gitt, sou géinge mer Iech biede fir zousätzlech de Formulär auszefëlle fir dat mir Är Donnée hunn, oder eis Är Donnée per E-mail op de contact@aacel.lu ze schécken.

This entry was posted in Internal, News. Bookmark the permalink.

Leave a Reply