D’Lëtzebuerger Studentenszeen a grousser Trauer

Dese Meindeg, 20. August 2007 huet d’lëtzebuerger Studentszeen ee vun hiere grousse Frënn verlueren. De Romain Agostini wor Grëndungsmember a fréiere Präsident vun der ACEL an wor een engagéierte Vertrieder vun allen a fir all lëtzebuerger StudentInnen. Durch hien a seng deemolleg Frenn a Kollegen ass och d’REEL, als groussen alljährleche Meeting vun alle lëtzebuerger Studentecerclen an d’Liewe geruff gin. Vun sengem geeschtleschen Iewen profitéieren demno nach haut déi vill jonk Mënschen zu Lëtzebuerg, déi sech un d’Studéieren gin nom enseignement sécondaire.

Ech selwer haat d’Chance de Romain zu Karlsruhe op der REEL 1999 kennen ze leieren, mee leider net genug… Merci Romain! Ech hoffen dass eis Gedanken a Mattgefiller denger Famill e bessen Trouscht an dese schwéiere Stonnen schénke kënnen.

Doudesannonce am Wort

This entry was posted in News. Bookmark the permalink.

Leave a Reply