Komiteesversammlung: 24. Oktober 2007

Rapport vun der Komiteesversammlung

vum 24. Oktober 2007

Présents: Bob Reuter (président, rapporteur), Claude Fries (secrétaire), Michèle Nothum, Tom Faber, Romain Tobes & Pi Even (président ACEL, invité)

Excusés: Lucien Kurtisi, Christian Block

Ordre du Jour:

  1. AG Dezember 2007: mettes virun der AG vun der ACEL, 26. Dezember 2007, 12h00 – Restaurant bleift nach ze definéieren
  2. Festivités 2009: fir den 25. Anniversaire vun der ACEL/REEL
    • Programme REEL “allégé” fir d’Anciens’en: vu Freides owes bis Sonndes nomettes, d’Amicale kemmert sech em d’Anciens’en (frais de participation asammelen, Programme fir Sonndes metteg an nometteg, etc.). Mir hu beschloss, falls neideg, vun den Anciens’en dann dei wirklech Frais’en ze froen dei op de REEL Organisator zoukommen durch d’Deelhuelen vun den Anciens’en un den Events vun der REEL (iessen, drenken, etc.). Iwernuechtung an Sonndes Programme kemmert d’Amicale sech drems eppes ze fannen.
    • Konveniat 2009 an Séance Académique: Et gouf festgehaalen, dass mer do een gemeinsamen Arbeschtsgrupp mat Leit aus dem Komitee ACEL mussen op d’Been stellen, an dass si och dofir 1 Posten mussen virgesin fir den Exercice 2008! Generel wor d’Iddi fir d’Séance Académique aehnlech wei dei vum 20. Anniversaire ze maachen, an owes rem ee Sall ze lounen fir eng Soiree dansante mat Buffet ze organiseieren… Dat Konzept kennt besser un wei am Restaurant iessen, well ee mat mei Leit pootere kann 🙂 – Eng eventuel Brochure wie dei leschte Kéiers huet eis zevill geschengt, mee et keint een un engem ZOOM Spezial mat dru schaffen…
  3. Statuten: se sin déposéiert! mir waarden lo op Feedback
  4. Divers
    1. Bilan REEL 2007: de Pi huet eis verzielt waat an de Workshopen an op der Journée Officielle gelaaf ass, an alles an allem huet hien ee ganz positive Bilan gezunn… détailer gi mer secher nach schreftlech an der enger oder aanerer Publicatioun vun der ACEL gewueren
    2. Komitetheik: d’Amicale kritt do och een account, mee mer kommen natierlech net op d’Lescht vun der Baaler… 🙂 ça va de soi…
    3. 2 nei Memberen: Marc Schweitzer, Gigo Lamesch
    4. Finanzen vun der AACEL: mir mussen een oder 2 Bankkonten opmaachen (mir hun festgehaalen: CCPL & BCEE – mat online banking), an dem Pi (der ACEL) eng demande de prêt ennerbreeden, fir dass mer ee Startkapital vun 1000 Euro hun (wou vunner awer direkt rem 375 Euro rof gin, weinst dem Depot vun de Statuten). Eisen Tresorier CB soll sech drems kemmeren (an de BR soll him bescheed soen…).
  5. Next Meeting: AG, den 26. Dezember 2007 um 12h00. Invitatiounen mussen och geschwenn raus goen… Korrektioun: 13:00
This entry was posted in News. Bookmark the permalink.

Leave a Reply