“Ons Educatioun” Kino Soirée – 9 November 2013

Fir eng weider Geleeënheet ze bidden sech als Ancienen emol erëm ze gesinn, proposéiert d'aACEL dëst Joer erëm eng Kinossoirée, an zwar Samschdes den 9. November. Mir géingen dozou op Schëndels an ee klenge private Kino, wou mir eis géifen de Film "Ons Educatioun" ukucken. Well dat ee méi kuerze Film ass, hu mir dono d'Méiglechkeet do ee klengen Apero ze drénken, an zesummen ze diskutéieren. Als Ofschloss gi mir dann all zesummen eppes iessen. Wann et iech also eppes seet ee rouegen Owend mat fréiere Studenten ze verbréngen, da fannt der hei drënner de geneeë Programm. Aus organisatoresche Grënn wiere mir frou wann dir iech kéint umelle fir dass mir wëssen zu wéivill mir sinn, a wéivill Plaz mir am Restaurant reservéiere sollen! Umelle kënnt der iech einfach per E-mail op contact@aacel.lu an dat bis spéitstens den 31. Oktober.

Datum: 9. November 2013

Rendez-vous Restaurant: 19:30
am Il Bosco

8, rue du Village
L-7473 Schoenfels

This entry was posted in Events. Bookmark the permalink.

3 Responses to “Ons Educatioun” Kino Soirée – 9 November 2013

  1. Pingback: clock parts

  2. Pingback: clock kit suppliers

  3. Pingback: tenant improvement contractor

Leave a Reply