Invitatioun fir d’REEL 2014 – Anciensprogram

Léif fréier Studentinnen a Studenten,

Wéi der jo bestëmmt scho matkrut, feieren d’ACEL an d’REEL dëst Joer hiren 30. Gebuertsdag.

D'REEL fënnt dëst Joer vum 16. bis den 19. Oktober zu München statt. An deem Kader géing de Münchener REEL’s Comité sech freeën wann e puer “Ancienë” kéinten, a wéilten, un engem „REEL light“-Programm deelhuelen an de Samschden (18. Oktober) zesumme mat de Reelaner géinge verbréngen. Traditionell fënnt Moies den Debat tëschent dem Héichschoulminister an der ACEL statt. Dono geet et an d’Weinhaus Neuner iessen. Weider geet et dann um 14:00 mat der Diskussiounsronn zum Thema "Die Selbstbestimmung der Universitäten – In wieweit von der Wirtschaft beeinflusst?". Owes invitéiert de Konsul dann op en Empfang am Maximilianeum an uschléissend geet et an de Rilano Nr. 6 iessen a bëssi féieren.

Als Iwwernuechtungsméiglechkeet huet de REEL Comité eis den Hotel „Best Western Cristal“ virgeschloen. Hei ass jiddereen op sech selwer gestallt an ass och net un den Hotel gebonnen. A punkto Käschte géingen dann eben den Hotel ufalen, Iessen an den Transport. Samschdes komme mer mam ëffentlechen Transport gutt op all Ecken wou Reelaner och sinn. Di genau Adressen vun Restauranten etc kommen och nach am Laf vun den nächste Wochen no. Et wäert och eng Persoun aus dem REEL Comité Uspriechpartner sinn. Wann Leit intresséiert sinn da wier et och nach méiglech fir Sonndes Mëttes um Programm deelzehuelen.

Fir déi wou intresséiert sinn vun dëser Geleeënheet ze profitéieren ass et esou dass d'Umeldung iwwert aACEL leeft. Mir géingen iech bieden fir eis eng Mail ze maachen (op contact@aacel.lu) mat ären Donneeën (Numm, Adress, Tel Nummer, Email Kontakt). Schreift eis och an deem Fall vu wéini bis wéini dir wéilt op München fueren. Mir kucken dann och fir eis ënnert eneen ofzeschwätzen wei mer am beschten den Transport op München an zeréck kënnen zesummen coordinéieren.

D'REEL wier frou wa si bis de 15. September kéinte wëssen ween alles kënnt. Dofir wier et flott wann dir iech esou schnell wéi méiglech bei eis mellt, dass mir dat kënnen coordinéieren. Ausserdeem sinn d'Plazen limitéiert, maacht iech also bäi!

Mat beschte Gréiss,

— 
Jean Claude Thiry
Président Amicale ACEL

This entry was posted in ACEL, Events, REEL. Bookmark the permalink.

Leave a Reply