aACEL Grillowend 27.06.2015

Léiwe Member vun der Amicale,

Wéi schonn ugekennegt probéiert d'Amicale dëst Joer e puer weider Events iwwer d'Joer ze offréieren, esou dass ee méi Geleegenheeten huet sech ze gesinn a kënnen auszetauschen.

Dozou gehéiert dëst Joer och ee Grillowend, an zwar ass dat den 27. Juni, ab 18 Auer bei engem Chalet zu Bouneweg bei den Tennisterrainen.

Mir wiere frou dech op eisem Owend begréissen ze kënnen fir zesummen Gegrills an/oder e Béierchen ze verköstegen. Dofir mell dech w.e.g. bis den 25. op contact@aacel.lu un, dass mir fir Iessen a Gedrenks suerge kënnen.

Wanns du keng Zait hues fir ze Grillen, oder keen Honger hues, kanns de natirlech gär och just op ee Patt laanscht kommen.

Bis hoffentlech den 27.!

Jenc

This entry was posted in Events. Bookmark the permalink.

Leave a Reply