Grillowend: 11/06/2016

Léiwe Member vun der Amicale, 

Wéi schonn ugekennegt widerhëllt d'Amicale dëst Joer eise Grillowend, deen d'lescht Joer grousse Succes hat. Dëst Joer ass deen den 11. Juni, ab 17 Auer erem bei engem Chalet an der rue Anatole France zu Bouneweg bei den Tennisterrainen (hei:https://goo.gl/maps/LFyjBNbqoFN2).

Mir wiere frou dech op eisem Owend begréissen ze kënnen fir zesumme Gegrills an/oder e Béierchen ze verköstegen. Dofir mell dech w.e.g. bis den 8. op contact@aacel.lu un, dass mir fir Iessen a Gedrenks suerge kënnen. 

Wanns du keng Zait hues fir ze Grillen, oder keen Honger hues, kanns de natirlech gär och just op ee Patt laanscht kommen.

Bis hoffentlech den 11.! 

Jenc
President vun der Amicale

Posted in Events | Leave a comment

Afterwork Drink op der Fouer: 8.9.2015

Léiwe Member vun der Amicale,

D'aACEL geet dëst Joer op d'Fouer, an zwar a Form vun engem Afterwork. Dësen ass den Denschden, 8. September. Rendez-vous ass ab 17:30 beim Schwarzwaldhaus. Fir déi déi net esou fréi kënnen, si mir secherlech och méi laang do, dat heescht dir kënnt allzäit nokommen.

Mir géifen eis freeën dech do erëm ze gesinn an ee Patt zesummen ze drenken. Bis hoffentlech den 8.!

Jenc
Presi vun der Amicale

Posted in Events | Leave a comment

Anciens Comptoir um Studentebal – 17 Juli 2015

Wéi och schonn déi lescht Joren wäerd d'Amicale vun der ACEL um Studentebal 2015 den ACEL/aACEL Comptoir schmäissen.

Och dëst Joer wäerd dëse Stand erëm den Treffpunkt si fir all nostalgesch ex-Studenten.

Ab 20 Auer invitéieren mir Iech mat den (aneren) Eieregäscht ouni Gedrécks bei eis en Apéritiv drénken ze kommen.

Weider Informatiounen ënnert www.studentebal.acel.lu

Posted in ACEL, Events | Leave a comment

aACEL Grillowend 27.06.2015

Léiwe Member vun der Amicale,

Wéi schonn ugekennegt probéiert d'Amicale dëst Joer e puer weider Events iwwer d'Joer ze offréieren, esou dass ee méi Geleegenheeten huet sech ze gesinn a kënnen auszetauschen.

Dozou gehéiert dëst Joer och ee Grillowend, an zwar ass dat den 27. Juni, ab 18 Auer bei engem Chalet zu Bouneweg bei den Tennisterrainen.

Mir wiere frou dech op eisem Owend begréissen ze kënnen fir zesummen Gegrills an/oder e Béierchen ze verköstegen. Dofir mell dech w.e.g. bis den 25. op contact@aacel.lu un, dass mir fir Iessen a Gedrenks suerge kënnen.

Wanns du keng Zait hues fir ze Grillen, oder keen Honger hues, kanns de natirlech gär och just op ee Patt laanscht kommen.

Bis hoffentlech den 27.!

Jenc

Posted in Events | Leave a comment

Assemblée générale 2014: 18.12.2014

Léif Memberen vun der Amicale vun der ACEL, 
E weidert Joer ass vergaangen an eis Assemblée Générale Ordinaire steet virun der Dier. Wei di Jore virdrun hu mer de leschten Donneschden virun der Krëschtvakanz dofir festgehal. Well mir dëst Joer mat den ACEL Festivitéiten vill beschäftegt woren, hu mir leider kee ganz grousse Choix méi gehat fir d'AG, an dofir ass déi dëst Joer net an der Stad, mee zu Steebrecken am Kueb, an zwar den Donneschden den 18. Dezember 2014 um 19h30
Ab 20h30 kënne mer dann zesummen Ham, Fritten an Zalot iessen an duerno nach, fir déi déi Loscht drop hunn, eng Partie Keele spillen. 
Aus organisatoresche Grënn, soe mer Iech am viraus Merci fir eis Bescheed ze soen wann Dir mat Iesse wëllt, an zwar per E-Mail op de contact@aacel.lu bis de 14. Dezember. Ham, Fritten an Zalot kaschten 17 Euro pro Persoun. 
Wann's Du Loscht hues och am Comité aktif mat ze schaffen, da kanns Du Deng Kandidatur fir de Comité 2015 bis de 17. Dezember op contact@aacel.lu schecken. 
Bis hoffentlech den 18.Dezember! 
Jenc 
President vun der Amicale 
Posted in Events | Leave a comment

Brochure “30 Joer ACEL: e Réck- an Ausbléck”

Mir freen eis, iech matdeelen ze kënnen, dass der d'Brochure vum 30. Anniversaire vun der ACEL hei kënnt roflueden: 

CoverBrochure30Joer

Posted in ACEL, News | Leave a comment

Invitatioun fir d’REEL 2014 – Anciensprogram

Léif fréier Studentinnen a Studenten,

Wéi der jo bestëmmt scho matkrut, feieren d’ACEL an d’REEL dëst Joer hiren 30. Gebuertsdag.

D'REEL fënnt dëst Joer vum 16. bis den 19. Oktober zu München statt. An deem Kader géing de Münchener REEL’s Comité sech freeën wann e puer “Ancienë” kéinten, a wéilten, un engem „REEL light“-Programm deelhuelen an de Samschden (18. Oktober) zesumme mat de Reelaner géinge verbréngen. Traditionell fënnt Moies den Debat tëschent dem Héichschoulminister an der ACEL statt. Dono geet et an d’Weinhaus Neuner iessen. Weider geet et dann um 14:00 mat der Diskussiounsronn zum Thema "Die Selbstbestimmung der Universitäten – In wieweit von der Wirtschaft beeinflusst?". Owes invitéiert de Konsul dann op en Empfang am Maximilianeum an uschléissend geet et an de Rilano Nr. 6 iessen a bëssi féieren.

Als Iwwernuechtungsméiglechkeet huet de REEL Comité eis den Hotel „Best Western Cristal“ virgeschloen. Hei ass jiddereen op sech selwer gestallt an ass och net un den Hotel gebonnen. A punkto Käschte géingen dann eben den Hotel ufalen, Iessen an den Transport. Samschdes komme mer mam ëffentlechen Transport gutt op all Ecken wou Reelaner och sinn. Di genau Adressen vun Restauranten etc kommen och nach am Laf vun den nächste Wochen no. Et wäert och eng Persoun aus dem REEL Comité Uspriechpartner sinn. Wann Leit intresséiert sinn da wier et och nach méiglech fir Sonndes Mëttes um Programm deelzehuelen.

Fir déi wou intresséiert sinn vun dëser Geleeënheet ze profitéieren ass et esou dass d'Umeldung iwwert aACEL leeft. Mir géingen iech bieden fir eis eng Mail ze maachen (op contact@aacel.lu) mat ären Donneeën (Numm, Adress, Tel Nummer, Email Kontakt). Schreift eis och an deem Fall vu wéini bis wéini dir wéilt op München fueren. Mir kucken dann och fir eis ënnert eneen ofzeschwätzen wei mer am beschten den Transport op München an zeréck kënnen zesummen coordinéieren.

D'REEL wier frou wa si bis de 15. September kéinte wëssen ween alles kënnt. Dofir wier et flott wann dir iech esou schnell wéi méiglech bei eis mellt, dass mir dat kënnen coordinéieren. Ausserdeem sinn d'Plazen limitéiert, maacht iech also bäi!

Mat beschte Gréiss,

— 
Jean Claude Thiry
Président Amicale ACEL

Posted in ACEL, Events, REEL | Leave a comment

Anciens Comptoir um Studentebal – 18 Juli 2014

Wéi och schonn déi lescht Joren wäerd d'Amicale vun der ACEL um Studentebal 2014 den ACEL/aACEL Comptoir schmäissen.

Och dëst Joer wäerd dëse Stand erëm den Treffpunkt si fir all nostalgesch ex-Studenten.

Ab 20 Auer invitéieren mir Iech mat den (aneren) Eieregäscht ouni Gedrécks bei eis en Apéritiv drénken ze kommen.

Weider Informatiounen ënnert www.studentebal.acel.lu

Posted in Events | Leave a comment

d’ACEL féiert 30 Joër! – 15/11/2014 – CCRN

Et ass schonn 30 Joer hir datt d’ACEL gegrënnt gouf. Fir dëst ze feieren huet d’ACEL an Zesummenaarbecht mat der Amicale (AACEL) ee flotte Gebuertsdaagsprogramm op d’Been gestallt. D’Festivitéite starte mat enger Table-Ronde un där Ex-Präsidenten wäerten deelhuelen. No enger Receptioun am Kräizgank vun der Abtei wäert den Owend mat enger Gala-soirée mat Iesse weidergoen. Dësen Anniversaire soll fir all ACELaner eng Occasioun sinn fir sech nees emol ze gesinn an zesummen iwwert d’Vergaangenheet (an d’Zukunft) vun der ACEL ze diskutéieren.

Mir hoffen datt dir zuelräich kommt fir dee besonneschen Anniversaire mat eis ze feieren.

Weider Informatiounen iwwert d’Gebuertsdagsfeier an d’Umellung kommen no. Den Datum kënnt der Iech awer scho fräihalen!

15/11/2014 – Abtei Neumünster (Gronn) Luxembourg 

Weider Infos: https://www.facebook.com/events/638508532900325/

Posted in ACEL, Events | Leave a comment

Save the date: 30. Anniversaire vun der ACEL

Léif Frënn vun der ACEL, wéi der bestëmmt wësst, féiert d'ACEL dëst Joër hier 30 Joër! Fir dësen Anniversaire ze féieren, schaffe mir, de Kommittee vun der Amicale vun der ACEL zesummen mam Kommitte vun der ACEL, drunn, fir ee groussen Event am November z'organiséieren… Mir schaffen och drunn, fir eng flott, informatif Brochüre zesummenzestellen… falls dir nach aal Fotoen oder aal Geschichten huet, dei wéilt bäistéieren, da meldt iech (contact@aacel.lu). Mir sichen och no den aktuellen Adressen vu fréieren ACEL Kommmitteesmemberen, fir se fir dat grousst Fest am November alueden ze kënnen. Notéiert iech demno, dass mer am November 2014 den 30. Anniversaire vun der ACEL wärte féieren… de genauen Datum steet leider nach net fest, well mer nach musse kucken wou alles stattfanne wärd…

Posted in ACEL, Events | Leave a comment

Assemblée Générale Ordinaire 2013

Leif Kolleginen a Kollegen,
Leif Frënn vun der ACEL,

E weidert Joer ass vergaangen an eis traditionell Assemblée Générale Ordinaire steet virun der Dier. Wei di Jore virdrun hu mer de läschten Donneschden virun der Chrëschtvakanz festgehalen. Dëst Joer fënnt eis Assemblée an der Brasserie du Kierchbierg statt, an zwar den Donneschten den 19 Dezember 2013 um 19h.

Ab 20h kenne mer dann zesummen Ham, Fritten an Zalot iessen an duerno nach vir déi zou Loscht drop hunn, eng Partie Keelen zesumme spillen.

Di offiziell Convocatioun fannt der an der hei.

Aus organisatoresche Grënn, soe mer Iech am Viraus Merci vir eis Bescheed ze soen wann dir mat Iesse wëllt, an zwar per E-Mail op de contact@aacel.lu bis de 15 Dezember. Ham, Fritten an Zalot mam Dessert kaschten EUR 23,20 pro Persoun. D’Fraise vir d’Keelebunn iwwerhëlt d’aACEL.

Wann’s du Loscht hues och am Comité aktif mat ze schaffen, da kanns du deng Kandidatur fir de Comité 2014 bis de 18 Dezember op contact@aacel.lu schecken. 

Posted in Events, Internal, News | Leave a comment

“Ons Educatioun” Kino Soirée – 9 November 2013

Fir eng weider Geleeënheet ze bidden sech als Ancienen emol erëm ze gesinn, proposéiert d'aACEL dëst Joer erëm eng Kinossoirée, an zwar Samschdes den 9. November. Mir géingen dozou op Schëndels an ee klenge private Kino, wou mir eis géifen de Film "Ons Educatioun" ukucken. Well dat ee méi kuerze Film ass, hu mir dono d'Méiglechkeet do ee klengen Apero ze drénken, an zesummen ze diskutéieren. Als Ofschloss gi mir dann all zesummen eppes iessen. Wann et iech also eppes seet ee rouegen Owend mat fréiere Studenten ze verbréngen, da fannt der hei drënner de geneeë Programm. Aus organisatoresche Grënn wiere mir frou wann dir iech kéint umelle fir dass mir wëssen zu wéivill mir sinn, a wéivill Plaz mir am Restaurant reservéiere sollen! Umelle kënnt der iech einfach per E-mail op contact@aacel.lu an dat bis spéitstens den 31. Oktober.

Datum: 9. November 2013

Rendez-vous Restaurant: 19:30
am Il Bosco

8, rue du Village
L-7473 Schoenfels

Posted in Events | Leave a comment

De Studentebal – 19 Juli 2013

 

studentebal2013Wei och schon dei läschte Joren wärt d’Amicale der ACEL um Studentebal den ACEL/aACEL Comptoir schmäissen. Och dest Joer wärt dëse Stand erëm den Treffpunkt si fir all nostalgesch ex-Studenten.

Ab 20 Auer invitéieren mir Ierch mat den (aaneren) Eieregäscht ouni Gedrécks bei eis en Apéritiv drénken ze kommen.

Weider Informatiounen ennert www.studentebal.acel.lu

Posted in ACEL, Events, Internal, News | Leave a comment

Finanziell Ënnerstëtzung fir 9 nepalesesch Studenten

GruppephotoDe Comité vun der aACEL ënnerstëtz e Projet deen vun hirem Member  Serena Agostinucci suivéiert get.

Bai dësem Projet vun der franséischer, als d'Utilité-publique unerkannten, Organisatioun SAGARMATHA Aide aux défavorisés (www.sagarmatha-fr.org), geet et drëms nepalesesche Jugendlechen d'Aschreiwungsfraisen un der Universitéit vu Kathmandu mat ze finanzéieren. Dës Käschte belaafen sech op EUR 300 pro Jugendlecher, pro Joer.

No enger éischter Presentatioun op der aACEL-AG leschten Dezember huet d’Serena eis méi Informatioune gin op eisem aACEL Treff den 2 Februar zu Monnerech an de Projet nach méi am Detail virgestallt. Dëse Projet läit den Objektive vun der aACEL immens no.

Vir d’Aktioun ze vereinfache proposéiert de Comité all d’Doen ze sammelen an se duerno global vun d’Organisatioun SAGARMATHA weider ze ginn.

Mir bieden dofir all eis Memberen dei sech un dëser Initiativ wëlle bedeelegen hier Participatioun bis den 1 Mee op de Konto vun der aACEL ze iwwerweisen (IBAN LU63 0019 2555 9558 5000 bei der Spuerkeess BCEELULL mat dem Vermierk "DON SAGARMATHA", resp. "DON NEPAL").

NB. Säit 2009 existéiert zu Lëtzebuerg och d'Méiglechkeet, datt Spenden un eng d'Utilité-publique unerkannten Organisatioun / Fondatioun an der EU kënne mam entspriechenden Dokument vun de Steieren ofgesat ginn. Dëst ass och bei Sagarmatha méiglech. Vir all weider Informatioune kennt der de folgende Site consultéieren: http://www.sagarmatha-fr.org/index.php?option=com_content&view=article&id=108&Itemid=72

 

Posted in News | Leave a comment

Rapport Assemblée Générale 2012

Den 20 Dezember hate mer an enger gudd gefëllter Taverne Henri VII um Lampertsbierg ass Assemblée Générale Ordinaire. Wei all Joer huet de Comitée mat de Memberen de Bilan gezunn an d’Richtlinne fir 2013 festgehalen. Op der Assemblée ass och en néie Comitée gewielt ginn, wou nieft de bekannte Gesiichter zwee nei Memberen an der Persoun vum Jean-Claude Thiry an dem Serena Agostinucci an de Comitée opgeholl gi sinn. De ganzen Comitée 2013 kënnt der och op dem Site fannen. Folgend Chargen si am Comitée zréck behale ginn:

Pierre Even – Président
Jean-Marie Reding – Vice-Président
Tom Faber – Trésorier
Jenc Thiry – Secrétaire

Wann dir är Memberskaart vir 2013 nach net bezuelt gudd an dir scho Member an der aACEL sidd, sou kënnt dir einfach d’Cotisatioun vun EUR 10 fir d’Joer 2013 op eise Konto de LU63 0019 2555 9558 5000 – BCEELULL mat der Mentioun “Cotisation Member Actif / Donateur 2013” iwwerweisen.

Wann dir fir d’éischt Member gitt, sou géinge mer Iech biede fir zousätzlech de Formulär auszefëlle fir dat mir Är Donnée hunn, oder eis Är Donnée per E-mail op de contact@aacel.lu ze schécken.

Posted in Internal, News | Leave a comment

Assemblée Générale Ordinaire 2012

Leif Kolleeginen a Kolleegen, Leif Frënn vun der ACEL,

Heimadden wëlle mer Ierch op d’Assemblée Générale vun der Amicale vun der ACEL invitéieren dei dëst Joer an der Taverne Henri VII um Lampertsbierg stattfënnt

Donneschtëss de 20 Dezember 2012, um 19h00.

No der Assemblée geinge mer eis freen fir zesummen na e Patt ze drenkn an eng Klengegkeet z’iessen.

Ordre du jour

  1. Mot de bienvenue du Président
  2. Rapport d’activités 2012 par le secrétaire
  3. Rapport de caisse 2012 par le trésorier
  4. Rapport des réviseurs de caisse 2012 (Nora Wurth & Georges Hames)
  5. Approbation du rapport de caisse 2012
  6. Election des réviseurs de caisse 2013
  7. Décharge du comité sortant
  8. Candidatures au nouveau comité
  9. Election d’un nouveau comité
  10. Discussion ouverte

Wann’s du Loscht hues och am Comité aktif mat ze schaffen, da kanns du deng Kandidatur fir de Comité 2013 bis de 15 Dezember op contact@aacel.lu schecken.

Wann dir är Memberskaart vir 2013 nach net bezuelt gudd an dir scho Member an der aACEL sidd, sou kënnt dir einfach d’Cotisatioun vun EUR 10 fir d’Joer 2013 op eise Konto de LU63 0019 2555 9558 5000 – BCEELULL mat der Mentioun “Cotisation Member Actif / Donateur 2013” iwwerweisen.

Wann dir fir d’éischt Member gitt, sou géinge mer Iech biede fir zousätzlech de Formulär auszefëlle fir dat mir Är Donnée hunn, oder eis Är Donnée per E-mail op de contact@aacel.lu ze schécken.

Posted in Events, Internal, News | Leave a comment

De Studentebal – 20 Juli 2012

Wei och schon dei läschte Joren wärt d’Amicale der ACEL um Studentebal den ACEL/aACEL Comptoir schmäissen. Och dest Joer wärt dëse Stand erëm den Treffpunkt si fir all nostalgesch ex-Studenten.

Dëst Joer invitéieren mer Ierch schon ab 18 Auer op de Bal, wou mer mat der ACEL zesummen “Backstage-Grillen“. Sou kënne mer éiert de Strëss vum Bal lass geet schon e Patt zesummen drenkn an bessi schnëssen, an och mat den aktuelle Studenten an d’Gespreich kommen.

Natierlech, invitéieren mir Ierch och wei di läscht Joer ab 20 Auer mat den (aaneren) Eieregäscht ouni Gedrécks bei eis en Apéritiv drénken ze kommen.

D’Entrée fir eis Memberen déi hir Cotisatioun bezuelt hun ass fräi, et läit eng Léscht an der VIP-Keess. Wann dir lo nach keng Cotisatioun fir 2012 iwerwisen hutt, dann zéckt net fir dat nach ze maachen an eis per Mail bescheed ze soen fir dass dir op d’Léscht kommt.

Och wann dir Loscht hudd eng Hand unzepaaken um Stand, dann hu mir en oppent Ouer. Meld Ierch dofir am beschten per E-Mail baim Comité ennert contact@aacel.lu.

Weider Informatiounen ennert www.studentebal.acel.lu

Posted in ACEL, Events, Internal, News | Leave a comment

aACEL Apéro : Zukunft vun der Amicale

Säit iwwer 5 Joer besteet d’Amicale vun der ACEL lo schon an hierer aktueller Form. De Programm deen d’aACEL senge Memberen ubidd gestalt sech ëmt 4 haapt Evenementer, an donieft kommen nach eng Rei vu méi klengen Aktivitéiten. Waat sin d’Erwaardungen vun de Memberen un d’aACEL; waat sin d’Schwéierpunkten dei d’aACEL op hieren naechsten Evenementer behandele soll; waat sin d’Erwaardungen vun der ACEL an hiere Cerclen un d’aACEL; wei soll d’aACEL a 5 Joer opgestallt sin… all dëss Froen wëlle mer zesummen mat ierch diskutéiern fir d’Amicale op hir Zukunft virzebereeden. Mir loossen dofiir d’Konzept vum “ACEL Apéro” rem opliewen an invitéieren ierch op den eischten ofiziellen aACEL Apéro.

Rendez-vous heifiir Samstës den 3 März 2012 ab 15h am Independant Cafe, 6, boulevard F.D. Roosevelt, L-2450 Luxembourg.

Posted in ACEL, Events, Internal | Leave a comment

Assemblée Générale Ordinaire

Leif Kolleeginen a Kolleegen, Leif Frënn vun der ACEL,

Heimadden wëlle mer Ierch op d’Assemblée Générale vun der Amicale vun der ACEL invitéieren dei dëst Joer an der Taverne Henri VII um Lampertsbierg stattfënnt

Donneschtëss de 15 Dezember 2011, um 19h00.

No der Assemblée geinge mer eis freen fir zesummen na e Patt ze drenkn an eng Klengegkeet z’iessen.

Ordre du jour

  1. Mot de bienvenue du Président
  2. Rapport d’activités 2011 par le secrétaire
  3. Rapport de caisse 2011 par le trésorier
  4. Rapport des réviseurs de caisse 2011 (Jeia Scholtus & Georges Hames)
  5. Approbation du rapport de caisse 2011
  6. Election des réviseurs de caisse 2012
  7. Décharge du comité sortant
  8. Candidatures au nouveau comité
  9. Election d’un nouveau comité
  10. Discussion ouverte

Wann dir scho Member an der aACEL sidd, sou kënnt dir einfach d’Cotisatioun vun EUR 10 fir d’Joer 2012 op eise Konto den LU63 0019 2555 9558 5000 – BCEELULL mat der Mentioun “Cotisation Member Actif / Donateur 2012” iwwerweisen.

Wann dir fir d’eischt Member gidd, sou geinge mer Ierch bieden fir zousätzlech de Formulär auszefëllen fir dat mir Aer Donnéen hun, oder eis Aer Donnéen per E-mail op de contact@aacel.lu ze schecken.

Posted in Events, Internal, News | Leave a comment

aACEL Treff – 22 Oktober 2011

Den aACEL Treff fënnt dëst Joer den 22. Oktober zu Sanweiler am Delicious statt, an daat ab 19h30. No engem Apéro waerte mer eis bai engem gemittlechen Iessen erem gesin fir sech auszetauschen an nostalgesch iwwert d’Studentenzait ze poteren. Et versteet sech vum selwen dat mer nom Iesse keen erausgeheien, an den Owend kennen gemittlech zesummen ausklenge loossen.

Umeldung iwert de Formular heidrenner.

Dës Unmeldung as reischt definitif bai Virement op eise Konto:

AACEL – BCEE, LU63 0019 2555 9558 5000

Deadline fir sech unzemellen: 30. September 2011

 

MENU A – 55 EURO –  Gedrënks inclus

Papillon de Crêpes au Saumon fumé
Sauce Hollandaise
*****
Sorbet
*****
Faux-filet de Boeuf « Marchand de vin »
Primeurs
Pommes Duchesses
*****
Fantaisie de Mousse aux deux Chocolats
*****

MENU B – 55 EURO –  Gedrënks inclus

Duo de Suprême de Caille et Magret fumé, en Salade
*****
Sorbet
*****
Suprême de Saumon d’Ecosse à l’Aneth
Pommes grenailles
*****
Glace Vanille aux Framboises chaudes
*****

MENU C – 45 EURO –  Gedrënks inclus – Menu Végétarien

Petite Salade Arc-en-Ciel selon la Saison
*****
Sorbet
*****
Feuilleté de Champignons de Saison
Primeurs
*****
Assiette de Fruits Frais selon la Saison
*****

Posted in Events | Leave a comment

De Studentebal – 15 Juli 2011

Als mat wichtegst Event am Joer steet den ACEL Studentebal an d’Haus, wou och dest Joer de Stand vun der Amicale erëm den Treffpunkt wärt si fir all nostalgesch ex-Studenten. Mir invitéieren ierch ganz härzlech fir schon ab 20 Auer mat den (aaneren) Eieregäscht an ouni Gedrécks bei eis en Apéritiv drénken ze kommen. D’Entrée fir eis Memberen déi hir Cotisatioun bezuelt hun ass fräi, et läit eng Léscht an der VIP-Keess.
Wann dir lo nach keng Cotisatioun fir 2011 iwerwisen hutt, dann zéckt net fir dat nach ze maachen an eis per Mail bescheed ze soen fir dass dir op d’Léscht kommt.

Och wann dir Loscht hudd eng Hand unzepaaken um Stand, dann hu mir en oppent Ouer. Meld Ierch dofir am beschten per E-Mail baim Comité ennert contact@aacel.lu.

Weider Informatiounen ennert www.studentebal.acel.lu

Posted in ACEL, Events, News | Leave a comment

Newsflash

Memberskaarten: an eisem läschten Newsflash konnt der liesen dat mer Memberskaarten geingen drecke loossen an all Member dei gescheckt kritt. Mir kruuten hei leider e bessi verspeidung mais fir de Studentebal sin se färdeg an da kreien och eis Memberen dei schon hir Cotisatioun bezuelt hun d’Memberskaart per Post zougescheckt.

ACEL Archiven: de 5 Juni huet de Comité e weideren Deel vun den ACEL Archiven gescannt fir dëss ze archiveieren. No der Correspondenz an ACEL internen Dokumenter as och elo d’Pressearchiv digitaliséiert. An desem Kontext maache mer na eng keier en Opruff un eis Memberen dat mer als Amicale frou sin iwwert all Dokument waat mer na kéinte kreien fir dës Archiven ze vervollstännegen. An enger naechster Etapp waerte mer eis Gedanke maachen a wei enger Form dat een dës Archive kann fir all Interesséiert zougänglech maachen.

Echange mat de Studenten: eng Delegatioun vum dem Comité vun der Amicale huet sech och dëst Joer mat der ACEL getraff fir eis Zesummenaarbecht ze verbesseren. Dei ugeschwaaten Themen woren d’Archiven, de Studentebal, d’REEL zu Breissel an de Guide du Futur Diplômé. Och an Zukunft wärt d’Amicale do sin, wann d’ACEL hir Ennerstetzung sicht.

Posted in Events, Internal, News | Leave a comment

Event Kalenner 2011

De läschte 16 Dezember haat d’aACEL hir regulär Assemblée Générale. Bai dëser Geleegenheet as de Bilan vum Joer 2010 gezu gin, d’Aktivitéiten fir 2011 si festgeluet gin an et et gouf en neie Comité gewielt.

Wéi dir wesst hu mir eis als Amicale virgeholl, eis mindestens véier mol am Joer ze treffen; eise Standard-Kalenner gesäit dohier folgendermossen aus :

26 März 2011, aACEL Kinosoirée, Ab 17h an der rue Tony et Charles Hansen, L-7473 Schoenfels.
15 Juli 2011, De Studentebal, ee Comptoir fir sech nach eemol ze fille wéi e Student
22 Oktober 2011, aACEL Treff
15 Dezember 2011, Assemblée Générale vun der aACEL, Um 19h an der Taverne Henri VII um Lampertsbierg

aACEL Kinosoirée – 26 März 2011
Ab 17h op folgender Adress rue Tony et Charles Hansen, L-7473 Schoenfels. Insgesamt huet de Kino 30 Plaatzen, doweinst wärte mer op eisem Internetsite en Unmeldungsformulaire maachen.
Première vun enger Selektioun vun ACEL an aACEL Filmer aus de laeschte Joren. Wann dir also na e Film hudd aus aerer Studentenzäit deen der scho laang net mei gesin hudd, oder deen der gären eng keier um groussen Ecran wellt gesin, da meld Ierch bai eis. Mir sin o Frou fir an dësem Zesummenhang kennen d’Archive vun der ACEL weider auszebauen.

De Studentebal – 15 Juli 2011
Wei och schon dei läschte Joren huet d’Amicale der ACEL proposéiert fir um Studentebal de ACEL/aACEL Comptoir ze schmäissen. Och dest Joer wärt dëse Stand erëm den Treffpunkt si fir all nostalgesch ex-Studenten. Mir invitéieren ierch elo schon ganz härzlech fir schon ab 20 Auer mat den (aaneren) Eieregäscht an ouni Gedrécks bei eis en Apéritiv drénken ze kommen.

aACEL Treff – 22 Oktober 2011
Wei den Numm et seet, geet et hei an éischter Ligne drém sech an engem décontractéierte Cader erem ze gesinn. Den Treff ass op fir all eis Memberen, aktiv Studenten a Frénn vun der ACEL, an dat mat der ganzer Famill. Mei Detailer kommen zu engem spéideren Zaitpunkt. Wann dir eng Iddi hutt fir desen Treff 2011, da schéckt eis är Proposen op contact@aacel.lu, mir kémmeren eis dann em d’Organisatioun.

Assemblée Générale – 15 Dezember 2011
Eis alljährlech Assemblée op hierem mettlerweil schon traditionnellen Datum.

Posted in Events, Internal, News | Leave a comment

aACEL Memberskaarten

De Comité vun der Amicale huet a senger läschter Versammlung festgehaalen fir Memberskaarten drecken ze loosen. Dir kridd also no der iwwerweisung vun ärer Cotisatioun, a sou wait mer är Adress hun, d’Memberskaart per Post zougescheckt.

Als Amicale si mir vun de Cotisatioune vun eise Memberen oofhängeg; mir wieren Ierch dofir dankbar wann dir är Cotisatioun vun 10 EUR fir d’Joer 2011 géift op folgende Konto iwerweisen: LU63 0019 2555 9558 5000 – BCEELULL mat der Mentioun “Cotisation Member Actif / Donateur 2011”.

Wann dir fir d’eischt Member gidd, sou geinge mer Ierch bieden fir zousätzlech de Formulär op auszefëllen fir dat mir Aer Donnéen hun, oder eis är Donnéen per E-mail op de contact@aacel.lu ze schecken.

Posted in Internal, News | Leave a comment

Comité 2011

Folgende Comité a Chargen sin op der Assemblée Générale läschten Dezember an um eischte Comité festgeluet gin:
Pierre Even – Président
Tom Faber – Trésorier
Christian Lamesch – Secrétaire
Gil Kandel – Vice-Secrétaire
Marc Hoffmann
Thierry Schaack
Jean-Marie Reding
Jérôme Meyer
Bob Reuter – Webmaster
Réviseurs de caisse: Jeia Scholtus & Georges Hames

Fir all Fro an Ureegung kennt der eis gären en E-mail op de contact@aacel.lu schecken.

Posted in Internal, News | Leave a comment

Assemblée Générale Ordinaire den 16 Dezember 2010

Leif Kolleeginen a Kolleegen,
Leif Frënn vun der ACEL,

Heimadden wëlle mer Ierch op d’Assemblée Générale vun der Amicale vun der ACEL invitéieren dei dëst Joer an der Taverne Henri VII um Lampertsbierg stattfënnt

Donneschtëss de 16 Dezember 2010, um 19h00.

No der Assemblée geinge mer eis freen fir zesummen na e Patt ze drenkn an eng Klengegkeet z’iessen.

Ordre du jour

  1. Mot de bienvenue du Président
  2. Rapport d’activités 2010 par le secrétaire
  3. Rapport de caisse 2010 par le trésorier
    • i.     Rapport des réviseurs de caisse 2010 (Jeia Scholtus & Georges Hames)
    • ii.     Approbation du rapport de caisse 2010
  4. Election des réviseurs de caisse 2011
  5. Décharge du comité sortant
  6. Candidatures au nouveau comité
  7. Election d’un nouveau comité
  8. Discussion ouverte

Wann dir scho Member an der aACEL sidd, sou kënnt dir einfach d’Cotisatioun vun EUR 10 fir d’Joer 2011 op eise Konto den LU63 0019 2555 9558 5000 – BCEELULL mat der Mentioun “Cotisation Member Actif / Donateur 2011” iwwerweisen.
Wann dir fir d’eischt Member gidd, sou geinge mer Ierch bieden fir zousätzlech de Formulär op www.aacel.lu auszefëllen fir dat mir Aer Donnéen hun, oder eis Aer Donnéen per E-mail op de contact@aacel.lu ze schecken.

Posted in Events, Internal, News | Leave a comment

De Studentebal – P&R Bouillon, 16. Juli 2010

Och dest Joer wärt de Stand vun der Amicale erëm den Treffpunkt si fir all nostalgesch ex-Studenten. Mir invitéieren ierch ganz härzlech fir schon ab 20 Auer mat den (aaneren) Eieregäscht an ouni Gedrécks bei eis en Apéritiv drénken ze kommen. D’Entrée fir eis Memberen déi hir Cotisatioun bezuelt hun ass fräi, et läit eng Léscht an der VIP-Keess.

Wann dir lo nach keng Cotisatioun fir 2010 iwerwisen hutt, dann zéckt net fir dat nach ze maachen an eis per Mail bescheed ze soen fir dass dir op d’Léscht kommt. Och wann dir Loscht hudd eng Hand unzepaaken um Stand, dann hu mir en oppent Ouer.

Posted in ACEL, Events | Leave a comment

WM Public Viewing – ACEL Summer um Bouillon, de 6 Juli 2010

Well d’Zelt um Bouillon dest Joër 2 Woche laang stoe wärt, huet d’ACEL sech zesumme matt hiire Cerclen ëm e komplette Programm beméit – Summer um Bouillon. Dir sidd natierlech ganz speziell de 6. Juli zu der éischter Hallewfinal agelueden, wou mir als Amicale och wärten de Comptoir schmäissen. Weider Detailer zum Summer um Bouillon fannt dir och um site vun der ACEL.

Posted in Events | Leave a comment

Nei Technologië fir den Aarbechtsmaart. Wéi eng Roll soll de Stat iwwerhuelen?

Heimatte wëlle mer Iech ganz härzlech op eis Table Ronde invitéieren zum Thema „Nei Technologië fir den Aarbechtsmaart – Wéi eng Roll soll de Stat iwwerhuelen?“, an zwar:

Donneschdes den 18. Mäerz 2010, um 19h00
op der Uni Lëtzebuerg um Campus Lampertsbierg am Sall BS003

Niewent dem Zentralstaat respektiv de Gemengen, als direkten Employeur, ass den Afloss deen déi ëffentlech Hand indirekt op den Aarbechtsmarché auswierkt ëmmer méi grouss. Duerch gezielt Promovéiere vu Formatiounen, enger méi staarker Ënnerstëtzung vu verschiddene Studiegäng respektiv der Médiatiséierung vu verschidde Beruffer kann de Stat dem Scüler oder Student seng Décisioune beaflossen. Mais och wiertschaftspolitesch ass de Stat net neutral, an deem en zum Beispill verschidde Secteuren oder Domainer wei d‘Finanzwiesen, d‘ Biotechnologien oder d‘Logistik zu Lëtzebuerg fördert.

Virun allem an dësen neien Domainen, spriech Biotechnologien oder Logistik, soll d’Zukunft vum Land léien. Sinn ower déi Leit, déi haut ausgebilt gi, op déi Domainen zougeschnidden ? Misst de Stat dës nei Domainer nach méi promovéieren ? Hu mer zu Lëtzebuerg genuch Kompetenze fir an dësen Domainer eng international Referenz ze ginn ? Soll de Stat sech iwwerhaapt an den Aarbechtsmarché amëschen ?

Invitée vun der Table Ronde

M. Daniel Cardao, CRP Santé
M. Henri Kox, Député
M. Marcel Oberweis, Député
M. Malik Zeniti, Manager

Moderatioun : J-Pol Roden, Journaliste Radio 100,7

Mir géingen eis freeën Iech den 18 Mäerz an der Uni ze begréissen ze kënnen.

Zum Pressebericht im Luxemburger Wort (27.03.2010)

2010-03-27-Table-Ronde-aACEL (Luxemburger Wort)

2010-03-27-Table-Ronde-aACEL (Luxemburger Wort)

Posted in Events | Leave a comment

Event Kalenner 2010

Leif Kolleeginen a Kolleegen, Leif Frënn vun der ACEL,

Nodeems mer den 07.01.10 den éischten Comité haaten wellen mer Iech heimadden d’Datumer vun eisen 4 groussen Eventer 2010 matdeelen:

Donneschtes 18 März 2010 Débat “D’Responsabilitéit vum Staat am Arbechtsmarché”
Lieu : L’Universtité du Luxembourg, Salle BS005
Freides 16 Juli 2010
(date à confirmer)
Ancien’s Comptoir um ACEL Studentebal
Donneschtes 8 October 2010 Rencontre / Soirée (détails à définir)
Donneschtes 16 Dezember 2010 Assemblée générale ordinaire
(Lieu à confirmer)

Weider Informatiounen an dei passend Invitatiounen kommen an deenen Wochen vrun den Eventer no.

Desweideren wellen mir nach eng kéier drun erenneren dass dier Iech gaeren kennt bei eis mellen falls dir Loscht hudd bei engem vun eisen Eventer ze hellefen respektiv wann dir eng Iddi hudd wei mer eis Eventer nach mei interessant kennen gestallten.

Wann dir scho Member an der aACEL sidd, sou kënnt dir einfach d’Cotisatioun vun EUR 10 fir d’Joer 2010 op eise Konto den LU63 0019 2555 9558 5000 – BCEELULL mat der Mentioun “Cotisation Member Actif / Donateur 2010” iwwerweisen.

Wann dir fir d’eischt Member gidd, sou geinge mer Ierch bieden fir zousätzlech de Formulär ennert “Member gin” auszefëllen fir dat mir Aer Donnéen hun.

Posted in Events, News | Leave a comment

Communiqué de Presse: AG 17/12/2009

Récemment, l’Amicale de l’ACEL (aACEL) a invité à son assemblée générale ordinaire dans les locaux de la Taverne Henri VII à Limpertsberg.

L’année 2009 était une année clé pour l’aACEL, co-organisateur des activitées et événements entourant le 25e anniversaire de l’ACEL et de la REEL. Les moments forts des festivités ont été la séance académique du 28 mars en l’honneur du 25e anniversaire de l’ACEL avec comme sujet «La plus-value de l’académicien dans la société Luxembourgeoise», ainsi que la participation de 45 anciens étudiants, dont les membres fondateurs de l’ACEL et de la REEL, du 15 au 18 octobre à la 25e édition de la REEL à Karlsruhe. Tout au long de l’année 2009, l’aACEL a su développer son site internet et profite actuellement d’un nombre croissant de membres.

Pour l’année 2010, l’aACEL compte intensifier sa communication et attirer de nouveaux membres. L’aACEL se veut le lien privilégié entre l’ACEL, les étudiants actifs dans les différentes étapes de leurs études, et les diplômés afin de faciliter les contacts et permettre des échanges fructueux dans les domaines les plus divers. De ce fait, l’aACEL projette quatre activités principales dont entre autres l’organisation d’une conférence-débat à la fin du premier trimestre 2010. L’aACEL se donne en outre pour mission de participer activement à la conservation de l’histoire de l’ACEL et du mouvement estudiantin luxembourgeois en général. Ceci se fera notamment par le développement d’une plateforme internet dédiée entièrement à cette mission et permettant à tous les étudiants et anciens étudiants de partager leur vécu pour permettre l’archivage durable des documents existants pour les générations futures.

Les élections statutaires ont par ailleurs donné lieu à l’élection d’un nouveau comité pour l’année 2010, composé des membres suivants: Tom Faber (Président), Pierre Even (Trésorier), Gil Kandel (Secrétaire), Marc Hoffmann, Mike Lamesch, Christian Lamesch, Jérôme Meyers, Bob Reuter et Thierry Schaack.

Posted in News | Leave a comment

Invitatioun: Assemblée générale – 17.12.2009 – 19:00 Auer

Leif Kolleeginen a Kolleegen,
Leif Frënn vun der ACEL,

Heimadden wëlle mer Ierch op d’Assemblée Générale vun der Amicale vun der ACEL invitéieren dei dëst Joer an der Taverne Henri VII um Lampertsbierg stattfënnt

Donneschtëss de 17 Dezember 2009, um 19h00.

No der Assemblée geinge mer eis freen fir zesummen na e Patt ze drenkn an eng Klengegkeet z’iessen.

Ordre du jour

1. Mot de bienvenue du Président
2. Rapport d’activités 2009 par le secrétaire
3. Rapport de caisse 2009 par le trésorier
i. Rapport des réviseurs de caisse 2009 (Jeia Scholtus & Guy Lux)
ii. Approbation du rapport de caisse 2009
4. Election des réviseurs de caisse 2010
5. Présentation plan d’action pluriannuel & stratégie
6. Décharge du comité sortant
7. Candidatures au nouveau comité
8. Election d’un nouveau comité
9. Discussion ouverte

Wann dir scho Member an der aACEL sidd, sou kënnt dir einfach d’Cotisatioun vun EUR 10 fir d’Joer 2010 op eise Konto den LU63 0019 2555 9558 5000 – BCEELULL mat der Mentioun “Cotisation Member Actif / Donateur 2010” iwwerweisen.

Wann dir fir d’eischt Member gidd, sou geinge mer Ierch bieden fir zousätzlech de Formulär op www.aacel.lu auszefëllen fir dat mir Aer Donnéen hun, oder eis Aer Donnéen per E-mail op de contact@aacel.lu ze schecken.

Fir de Comité,

Pierre EVEN
Vize-Président aACEL

Posted in Events, News | Leave a comment

REEL des Anciens: Weider infos

Hei si weider Infos zur REEL 2009  fir dei Aal 🙂

Stadtplan Karlsruhe

Stadtplan Karlsruhe

Liest och dese Bréif vum Organisatiounskomitee vun der REEL2009.

Posted in REEL | Leave a comment

REEL 2009: D’Umeldung ass lo ZOU!

Léif Frënn vun der ACEL,

D’Umeldung fir den Anciensprogramm fir d’REEL 2009 zu Karlruhe ass ab lo zou! Mir hun de quota vun 25 Umeldungen erreescht. Et stinn de Moment nach 4 Leit op eiser Waardelescht… dei kontaktéieren mer sou bal sech eppes neies erget! Sorry fir all dei wou net matfueren kennen… d’Plaatzen si verständlecherweis begrenzt…

Freides, den 16. Oktober bis Sonndes, den 18. Oktober 2009 féieren mir mat de REELaner 25 Joër REEL an ACEL.

PROGRAMME: PDF Download

Fir wéider Froën wendt iech w.e.g un de Gil Kandel (gil.kandel@aacel.lu) oder de Jean-Luc Meyers (jean-luc.meyers@reel.lu).

Posted in News | 1 Comment

Umeldung! 28. März 2009 – 25 Joër ACEL

Leif Frënn vun der ACEL,

et ass sou wäit… d’Féierlechkeeten fir den 25. Anniversaire vun der ACEL stinn vrun der Dier! an dir kennt iech umellen!

—————————————————-

Afin de célébrer son 25ème anniversaire, l’ACEL vous invite à sa séance  académique, le 28 mars 2009 à l’Hôtel Parc Belle-Vue (5, avenue Marie-Thérèse). Le parking sous-terrain est à votre disposition.  

Au programme:

  • 16h30 – Séance Académique « De Stellewäert vum Akademiker an der Gesellschaft »  
  • 18h00 – Réception  
  • 20h00 – Dîner avec soirée (55€)  

Le nombre de places disponibles étant limité, nous vous prions de bien vouloir prendre soin à vous inscrire en ligne avant le 28 février 2009 afin de confirmer votre participation à la séance académique.

Pour ce faire, veuillez vous rendre sur le site web http://www.acel.lu/anniversaire.  

Pour  toute  question  supplémentaire,  Mlle  Christine  Zimmer  se  tiendra  à  votre  entière disposition. (christine.zimmer@acel.lu; +352 661 420 541)  

—————————————————-

Weider Detailler hei: Invitation

Mir freen eis all, fir iech do rem ze gesin!

Wann der Loscht huet een Don ze maachen fir des speziel Occassioun, dann kuckt séier hei no ennert wei engen modalitéiten der kennt donnateur gin.

Posted in News | Leave a comment

Save the day! 28. März 2009

Wéi der vlait schons aus der Presse oder vum Internet hier wesst, féieren mer mat der ACEL zesummen dëst Joër den 25. Anniversaire vun der ACEL an der REEL!

D’Preparativen laafen op Heichtouren!

Dofir welle mer iech lo mol schons drop opmierksam maachen, dass den 28. März 2009 eng mei lass ass… Séance Académique, Eierwein, Iessen, Party!

Also, notéiert iech alt schons den 28. März an aerem Agenda! Huelt iech fir deen nometteg an owend naischt aanescht vir! Et gët flott, fir dei Jonk kennen ze léieren an dei Aal remzegesin!

Vive d’ACEL! Vive d’REEL!

Posted in ACEL, Events, News | Leave a comment

Pressemitteilung: Assemblée générale AACEL 2008

lw-ag-aacel-2008

Luxemburger Wort, 20. Dezember 2008

Posted in News | Leave a comment

Invitatioun: AG vun der AACEL – 17. Dezember 2008

Assemblée générale vun der aACEL, der Amicale des Amis et des Anciens de l’ACEL.

17. Dezember 2008 – ab 18h30

Mir haalen eis AG dest Joër eng Woch eischter of wei 2007, fir ze vermeiden, dass mer naischt z’iessen kréien 🙂

Mir gin des Kéiers bei den Seppl um Lamptersbierg (www.seppl.lu), wou mer ee kaale Buffet an ee Faass Béier fir den owend bestallt hun…

Meld iech dofir sou séier wei méiglech un, fir dass mer bescheed kenne soen zou weivill mer sinn… 

Bis lo hu mer fir 40 Léit reservéiert… wann der sech méi umellen, musse mer nach eng Kéiers nobestellen… an nofroen weivill si der maximum unhuelen…

A mer mussen (leider) 10 Euro Participatioun op de Kapp froen fir de Buffet an dei 50l Béier vum Faass! 🙂 Detailer zum Bezuelen kritt der vun eis, soubaal der iech ugemeld huet… meld iech w.e.g. net un, wann der net kommt… well mir bleiwen soss op deenen kaeschten setzen… 🙁

D’Umeldung leeft bis den 30. November 2008, 17:00 Auer, am leifsten per facebook: http://www.facebook.com/event.php?eid=42608958942 soss per email un bob@aacel.lu

ORDRE DU JOUR

1. Mot de bienvenue du Président
2. Rapport d’activités 2008 par le Secrétaire
3. Rapport de caisse 2008 par le Trésorier
3.B. Rapport des réviseurs de caisse 2008
3.C. Approbation du rapport de caisse 2008
4. Présentation et discussion des projets en cours
5. Commentaires de l’assemblée générale
6. Décharge du comité sortant
7. Candidatures au nouveau comité
8. Election d’un nouveau comité
9. Divers

Les candidatures aux postes dans le nouveau comité sont à adressées au Président par lettre écrite ou par courrier électronique.

Posted in Events, News | Leave a comment

amicale.acel.lu becomes www.aacel.lu

We finally did the next logical step in terms of our internet presence: www.aacel.lu is up and running… the old website has been transferred to the new address and everything seems to run as it should… 🙂 so, update your bookmarks! mat beschte greiss, äre prési, bob reuter

Posted in News | Leave a comment

Komiteesversammlung: 16. Januar 2008 – Rapport

Déi éischt Komiteesversammlung vum Exercice 2008 wor de 16. Januar 2008 an der Sandkaul zu Walfer.

Hei ass de Bericht:

Datum : Mettwoch, den 16.01.2008
Platz : Sandkaul – Walfer
Ufank : 18h30
Schluss : 20h25

Presents : Bob Reuter, Claude Fries, Gil Kandel, Laurent Derkum, Pi Even, Michèle Nothum, Thierry Schaack, Tom Faber

Entschellegt : Luss Kurtisi, Christian Block

Ordre du jour

1) Verdeelen vun den Chargen

D’Chargen sin folgendermossen verdeelt gin :

Bob Reuter – Président
Gil Kandel – Sekretär
Christian Block – Trésorier
Pi Even – Newsletter & Layout
Thierry Schaack – Newsletter
Luss Kurtisi – Festivités 2009
Laurent Derkum – Festivités 2009
Michèle Nothum – Festivités 2009
Claude Fries – Conveniat 2008 & Studentebal
Tom Faber – Suivi Guide du Futur Diplômé

2) Newsletter

Et ass decideiert gin dass d’aACEL 2008 eng trimestriell Newsletter an engem E-zoom ähnlechen Format eraubrengt. Dei eischt Editioun soll am März erschengen. Den Pi an den Thierry man sech Gedanken iwer potentiellen Contenu. Am Prinzip soll dei Newsletter d’Aktivitéiten vun der Amicale an der ACEL retracéieren. Weider Iddien wat den Contenu ungeet sollen iwert d’Joer developpéiert gin.

3) Archive ACEL

Et ass d’Iddi opkomm fir en ACEL resp. Studenten Archiv ennert der Form vun engem internen Wikipedia opzebauen. Op dess Manneier kinnten vill Leit hier aal Dokumenter, Texter, Photoen asw erop lueden. Dest geing hellefen fir all Informatiounen, dei een brauch fir d’Geschicht vun der ACEL an der REEL ze retracéieren, zesummen zekreien an proper ze versuergen. Dest Archiv soll ennert anerem och mat Geschichten an Anekdoten vun der REEL oder soss Studentenaktivitéiten gefiddert gin.

4) AG aACEL

Nodeems mer 2007 Schwieregkeeten haten fir den 26.12. en Restaurant ze fannen huet den Comité decideiert fir d’AG op den Weekend (Freides) vrun der ACEL AG resp. vrun Kreschtdag ze verleen. Am Prinzip soll d’AG am Kader vun engem Iessen mat Keelenspillen ofgehal gin. D’ACEL ass natierlech haerzlecht invitéiert fir matzegoen.

5) 25 Joer ACEL

Am Kader vun der Diskussioun iwert d’Festivitéiten zum 25-jähregen Bestehen vun der ACEL am Joer 2009, ass d’Propose opkomm fir evt. d’Séance Académique duerch en Débat iwert en aktuellt Thema ze ersetzen. Den Comité huet och schon iwer potentiell Themen an Invitéen diskutéiert.
D’Festivitéiten sollten am Prinzip an engem Dag stattfannen (Débat, Apéro, Iessen an Conveniat). Als eischten provisoreschen Datum ass den 9. Mee 2009 festgehalen gin.
Et ass och festgehal gin dass am Prinzip d’Amicale bereed ass, ennert der Conditioun dass d’ACEL domadden d’accord ass, fir den 25. Gebuertsdag komplett ze organiséieren. Et misst just en Accord mat der ACEL fonnt gin wat dei finanziell Ofsecherung ungeet.
An den nächsten Wochen soll eng Entrevue mat der ACEL stattfannen, wou ennert anerem desen Punkt beschwat gett.

6) Den Convéniat 2008 fennt den 26. September statt. Weider Detailer waerten mei speit beschwaat gin.

7) Den Comité huet d’Décisioun geholl fir den domain www.aacel.lu ze réservéieren. Den Bob an den Pi kucken wei an wou een daat am beschten machen kann.

8) Den Pi kemmert sech em den Layout fir Memberskaarten an kuckt och wou een dei drecken kinnt lossen. Ereischt wann mer Memberskaarten hun mecht et Senn fir weider Démarchen fir nei Memberen unzeschwetzen zemaan. Am Moment hun 8 Leit hier Memberskaart bezuelt.

9) Den Gil kemmert sech dremms fir d’Inscriptioun beim RCS à jour ze setzen.

10) Den Christian huet d’Charge kritt fir eng Demande de subside bei verschiddenen Ministèren (Culture, Famille,…) unzefroen. Op recommendatioun vum Laurent sollen mer och eng Sponsoring demande bei der BCEE eranschecken.

Dei nächst Réunioun soll zesummen mam Comité vun der ACEL stattfannen. Den Bob informéiert den Comité iwert meiglech Datumer.

Posted in News | Leave a comment

Wéi kann ech Member vun der aACEL gin?

Fir Member vun der Amicale ACEL ze gin kennt dir ab 2008 einfach d’Kotisatioun vun 10 Euro op eise Konto iwerweisen (LU63 0019 2555 9558 5000) mat der Mentioun COTISATION MEMBRE ACTIF/DONATEUR 2008. Fëllt w.e.g. och eisen online Formular aus, fir dass mer wëssen wéi mer Iech kontaktéieren kënnen.

Posted in News | Leave a comment

Assemblée générale: 26. Dezember 2007 – Rapport

D’Assemblée générale wor den 26. Dezember 2007 um 13:00 zu Walfer an der Sandkaul, um Campus vun der Uni.lu.

An de néie Komitee goufen folgend Persounen gewielt:

Christian BLOCK, Laurent DERKUM, Pi EVEN, Tom FABER, Claude FRIES, Gil KANDEL, Lucien KURTISI, Michèle NOTHUM a Bob REUTER

D’Chargen am Komitee gi verdeelt an definéiert op der eischter Komiteesversammlung am Januar 2008.

Et gouf als cooptéierte Member opgeholl den Thierry SCHAACK

D’Memberskotisatioun gouf festgeluecht op 10 Euro fir den Exercice 2008.

De Plan d’action fir 2008 bléift ähnlech wei deen vun 2007, ausser dass d’Virbereedungsarbeschten fir de 25. Gebuertsdaag vun der ACEL (2009) dobäi kommen als eng vun de wichtegen Aufgaben.

Posted in News | Leave a comment

Komiteesversammlung: 24. Oktober 2007

Rapport vun der Komiteesversammlung

vum 24. Oktober 2007

Présents: Bob Reuter (président, rapporteur), Claude Fries (secrétaire), Michèle Nothum, Tom Faber, Romain Tobes & Pi Even (président ACEL, invité)

Excusés: Lucien Kurtisi, Christian Block

Ordre du Jour:

  1. AG Dezember 2007: mettes virun der AG vun der ACEL, 26. Dezember 2007, 12h00 – Restaurant bleift nach ze definéieren
  2. Festivités 2009: fir den 25. Anniversaire vun der ACEL/REEL
    • Programme REEL “allégé” fir d’Anciens’en: vu Freides owes bis Sonndes nomettes, d’Amicale kemmert sech em d’Anciens’en (frais de participation asammelen, Programme fir Sonndes metteg an nometteg, etc.). Mir hu beschloss, falls neideg, vun den Anciens’en dann dei wirklech Frais’en ze froen dei op de REEL Organisator zoukommen durch d’Deelhuelen vun den Anciens’en un den Events vun der REEL (iessen, drenken, etc.). Iwernuechtung an Sonndes Programme kemmert d’Amicale sech drems eppes ze fannen.
    • Konveniat 2009 an Séance Académique: Et gouf festgehaalen, dass mer do een gemeinsamen Arbeschtsgrupp mat Leit aus dem Komitee ACEL mussen op d’Been stellen, an dass si och dofir 1 Posten mussen virgesin fir den Exercice 2008! Generel wor d’Iddi fir d’Séance Académique aehnlech wei dei vum 20. Anniversaire ze maachen, an owes rem ee Sall ze lounen fir eng Soiree dansante mat Buffet ze organiseieren… Dat Konzept kennt besser un wei am Restaurant iessen, well ee mat mei Leit pootere kann 🙂 – Eng eventuel Brochure wie dei leschte Kéiers huet eis zevill geschengt, mee et keint een un engem ZOOM Spezial mat dru schaffen…
  3. Statuten: se sin déposéiert! mir waarden lo op Feedback
  4. Divers
    1. Bilan REEL 2007: de Pi huet eis verzielt waat an de Workshopen an op der Journée Officielle gelaaf ass, an alles an allem huet hien ee ganz positive Bilan gezunn… détailer gi mer secher nach schreftlech an der enger oder aanerer Publicatioun vun der ACEL gewueren
    2. Komitetheik: d’Amicale kritt do och een account, mee mer kommen natierlech net op d’Lescht vun der Baaler… 🙂 ça va de soi…
    3. 2 nei Memberen: Marc Schweitzer, Gigo Lamesch
    4. Finanzen vun der AACEL: mir mussen een oder 2 Bankkonten opmaachen (mir hun festgehaalen: CCPL & BCEE – mat online banking), an dem Pi (der ACEL) eng demande de prêt ennerbreeden, fir dass mer ee Startkapital vun 1000 Euro hun (wou vunner awer direkt rem 375 Euro rof gin, weinst dem Depot vun de Statuten). Eisen Tresorier CB soll sech drems kemmeren (an de BR soll him bescheed soen…).
  5. Next Meeting: AG, den 26. Dezember 2007 um 12h00. Invitatiounen mussen och geschwenn raus goen… Korrektioun: 13:00
Posted in News | Leave a comment

aACEL & REEL Communities op www.facebook.com

D’aACEL ass elo och op facebook.com… kommt all an eise Grupp!

aACEL community on Facebook.com

an d’REEL huet och hier Säit op facebook.com – do sinn well Tonne Photoen vun der REEL 1999 zu Karlsruhe un drop… an et kommen der emmer nach no… Helleft eis fir sou vill wei meiglech flott Errennerungen un d’REEL ze sammelen… an d’Leit op de Fotoen mat rem ze erkennen…

REEL community on Facebook.com

Posted in News | Leave a comment

D’Lëtzebuerger Studentenszeen a grousser Trauer

Dese Meindeg, 20. August 2007 huet d’lëtzebuerger Studentszeen ee vun hiere grousse Frënn verlueren. De Romain Agostini wor Grëndungsmember a fréiere Präsident vun der ACEL an wor een engagéierte Vertrieder vun allen a fir all lëtzebuerger StudentInnen. Durch hien a seng deemolleg Frenn a Kollegen ass och d’REEL, als groussen alljährleche Meeting vun alle lëtzebuerger Studentecerclen an d’Liewe geruff gin. Vun sengem geeschtleschen Iewen profitéieren demno nach haut déi vill jonk Mënschen zu Lëtzebuerg, déi sech un d’Studéieren gin nom enseignement sécondaire.

Ech selwer haat d’Chance de Romain zu Karlsruhe op der REEL 1999 kennen ze leieren, mee leider net genug… Merci Romain! Ech hoffen dass eis Gedanken a Mattgefiller denger Famill e bessen Trouscht an dese schwéiere Stonnen schénke kënnen.

Doudesannonce am Wort

Posted in News | Leave a comment

ACEL: de Studentebal – 14. Juli 2007 um P&R Bouillon

Affiche

http://studentebal.acel.lu

d’Fotoen vum Bal sin online um site vun der ACEL: Jo, ech well se kucken!

Posted in ACEL | Leave a comment

Komiteesversammlung

De Mettwoch 16. Mee 2007 trefft de Komitee vun der Amicale ACEL sech um 20h00 bei engem Iessen & Paettschen…

Festgehaale gouf:
1. den depot legal vun de Statuten ass organiseiert gin;
2. de Lucien Kurtisi ass cooptéiert gin, fir d’Festivitéiten vun 2009 (25 Joer ACEL) mat ze organiseieren;
3. d’Amicale helleft der ACEL um Studentebal andems se ee comptoir iwerhelt.

Posted in News | Leave a comment

Treffen mam Komitee ACEL

Mir treffen eis fir een Iessen mam Komitee vun der ACEL op Ufro vun hierem neie Präsident, dem Pi Even.

Posted in Events | Leave a comment

Fotoen vum Konveniat 2006

Léif Frënn vun der ACEL, eise grousse Konveniat ass leider riwer…

Mee hei sin awer d’Fotoen.

A refaire… mir hoffen dir huet iech all gudd amuseiert…

Posted in News | Leave a comment

Konveniat 2006

Groussen aACEL & ACEL Konveniat 2006

Wou? Restaurant FOLLIA (Weiler-la-Tour)
Weini? 18. November 2006 ab 19:00 Auer
Ween? Déi wou sech umellen, d’Plaatze si limtéiert… op circa 100 Léit. All d’Frenn vun der ACEL sinn haerzlech wellkomm!
Umeldung? Weider Detailer an deenen naechsten Deeg
Weivill? de Menu, mat Apéro, Amuses Bouches, Entrée, Plat, Dessert, Kaffi, Gedrénks kascht 45 Euro op de Kapp.
Dono? Grouss Party an der Lounge vum Restaurant Follia

Posted in Events | 1 Comment

ACEL: Präisiwereeschung vum Concours “Lëtzebuerg 2050”

Léif Frënn vun der ACEL,

heimadden invitéiert d’ACEL Dech an Deng Begleedung op d’Präisiwereeschung vum Concours „Lëtzebuerg 2050“. Daat ganzt fennt statt den Donneschden, 12. Oktober 2006 ab 18.30 Auer an der Spuerkeess, 16 rue Zithe zu Lëtzebuerg.

Programm vum Owend:
– Begréissung
– Viirtraag vum Premier Jean-Claude Juncker zum Thema vum Concours
– Präisiwereeschung
– Viirtrag vum Revue-Journalist Romain Meyer zum Thema vum Concours
– Agape, offréiert vun der Spuerkeess

Mell Dech w.e.g. un bis spéitestens de 5. Oktober
per Mail op concours@acel.lu
oder per Telefon op 691 42 05 38/39/40

Mir hoffen, Dech kennen deen Owend ze begréissen.

Mat de bäschte Gréiss,
Laurent Derkum
président

Posted in ACEL, News | Leave a comment

Assemblée générale: 14 septembre 2006

L’Amicale de l’ACEL a tenu son Assemblée générale en date du 14 septembre 2006 au restaurant Follia à Weiler-la-Tour (Schlammestee).

A l’ordre du jour:
1. Révision des statuts de l’aACEL
2. Election du conseil d’administration
3. Fixation des frais de cotisation à 5 euro/an
4. Définition du plan d’action

Posted in News | 2 Comments

ACEL Studentebal

De groussen ACEL Studentebal, den 08 Juli 2006. Kommt a féiert all mat! D’aACEL ass och präsent!

Posted in Events | Leave a comment

ACEL CONCOURS

Lëtzebuerg 2050 – “Chancen a Risiken vun engem klénge Land am Häerz vun Europa”

Besicht de Site vun der ACEL fir bei hierem ESSAY CONCOURS mat ze maachen:

ACEL CONCOURS

Posted in News | Leave a comment

Forum: ACEL Studentebal

Ech wollt op deser Plaatz d’Fro lancéieren ween vun der Amicale ACEL um Studentebal helleft!!! Traditionnell hellef mir jo dem ACEL Komitee andeems mer den Comptoir owes schmeissen, mettes eng Hand upaacken fir dei läscht Preparativen ze maachen, respektiv nom Baal dobäi si fir opzeraumen. Avis aux Amateurs! Meld iech, dann kann ech dem ACEL Komitee eis Präsenz konfirméieren! Merci am viraus.

Posted in News | 2 Comments

Forum: Aktivitéiten vun der Amicale

Op dëser Plaatz kennt dir geplangten Aktivitéiten vun der aACEL diskutéieren, Ureegunge gin, Kommentarer machen oder einfach eis ee gudd Wuert hannerloosen!

Posted in News | Leave a comment

Forum: Zieler vun der Amicale

Op dëser Plaatz kennt dir d’Zielgebungen vun der aACEL diskutéieren, Ureegunge gin, Kommentarer machen oder einfach eis ee gudd Wuert hannerloosen!

Posted in News | 1 Comment

Forum: ACEL Aktivitéiten

Op dëser Plaatz kennt dir Aktivitéiten vun der ACEL (deene Jonken) diskutéieren, Ureegunge gin, Kommentarer machen oder einfach hinnen ee gudd Wuert hannerloosen!

Si hun natierlech och hieren eegene Forum: ACEL Forum

Posted in News | Leave a comment

Forum: Allgemeines

Op dëser Plaatz kennt dir eis Froe stellen, Ureegunge gin, Kommentarer machen oder einfach juest ee scheine Bjour hannerloosen… merci fir all Message!

Posted in News | 5 Comments

Wellkom um Internet Site vun der Amicale ACEL

Mir si frou, eis endlech och um Internet wéisen ze kënnen! A mir hoffen, dass dese Site den Ufank vun engem mei groussen Projet ass, deen vun der Erweiderung vun der Amicale ACEL.

Posted in News | 1 Comment